Username or E-mail Password -Forgot your password?Signup
keep me logged in

Blog

Wichteg nei Funktiounen an der Virtueller Klass

October 15, 2019
by jos

An der Virtueller Klass ass et elo méiglech bis zu 8 verschidde Stonnepläng pro Klass am Klassebuch anzeginn. Fir dat ganzt Schouljoer kanns du de passende Stonneplang (oder Vakanz) pro Woch wielen. D'Stonnepläng ginn automatesch am Klassebuch iwwerholl, an de Rapports, sou wéi och op de Websäiten.

De Media Manager vun der Virtueller Klass bitt vill Verbesserungen am Schüler-Beräich. Dossiers vun de SchülerInnne si nom Virnumm sortéiert, Dossiere vu fréiere Schüler gi nëmme fir Enseignanten ugewisen, an et ginn erweidert Erklärungs- an Hëllegstexter. D'Enseignante kënnen elo d'Dossiers vu fréiere Schüler mat engem Assistent geréieren, deen et och erlaabt Dossiers ze läschen, se an aner Klassen ze réckelen oder se an dem Schüler säi private Media Manager ze réckelen.

Wochepläng kënnen elo mat Schoul- a Klassennimm gedréckt ginn, an Aufgabe-Codes kënnen och ewechgelooss ginn. Notize kënne no Schülernimm oder Stëchwieder duerchsicht ginn, du kanns elo e Status bei all Notiz uginn, an all Notize kënnen och als Textdatei exportéiert ginn.

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli


For students

Practice & learn using our large collection of great free e-learning apps.
Communicate, create & publish projects, share your knowledge.

For parents

Create free worksheets for your kids, allow them to learn online.
Mathematics, languages, science, history, geography, chemistry & more...

For teachers

Create work plans and worksheets, allow students to learn individually.
Manage plans, texts and documents within a virtual classroom.
Advertisements
©2008-2019 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us